Philosophie

"L'architecture actuelle s'occupe de la maison, de la maison ordinaire et courante pour hommes normaux et courants. Elle laisse tomber les palais. Voilà un signe des temps." - Le Corbusier

Dank senger interner Organisatioun an geliewtem Teamwork kann Architecture Hoffmann Eech Architekturservicer vunn gudder Qualitéit ubidden.

Beim Ausschaffen vunn jidder eenzelnem Projet berücksichtege mir den spezifesche Kontext.

D’Integratioun an déi gebauten Emwelt, den Ëmweltschutz, eng energetisch Optiméirung vunn der Architekturform, eng funktional Organisatioun, senn Kriteren deenen mir bei all Konzept Rechnung droen.

Mir probéieren einfach an efficace Äntwerten op komplizéiert Froenstellungen ze fannen.

Eist Ziel ass och, den Bauhär während dem Ooflaaf vumm Projet ze ennerstetzen, et him erméiglichen seng Iddien emzesetzen, an den festgeluechten Budget ze respektéieren.

ARCHITEKTUR

Neibau, Restauratiounen, Embau, Sanéierungen, ...

ENERGIE BEROODUNG

Ausschaffen vumm Energieberoodungs-Rapport, technisch Iwwerwaachung vun der Ausféierung vun den Sanéierungsmoossnamen. Energieberechnungen, ...

INNENARCHITEKTUR

Als Onofhängigen Optrag oder als Ergänzung zu enger Architektur-Missioun, Bannenariichtungen, Entworf vu Miwwelen, ...

URBANISMUS

Gestaltung vumm Aussenbereich an öffentlichem Raum, Machbarkeetsstudien, Lotissementspläng (PAP), Emännerungen vunn Bebauungspläng (PAG), ...

MISSIOUNEN

GESAMT MISSIOUN

  • Skizzen
  • Entworf
  • Dossier an Pläng fir d’Baugenehmigung
  • Detailpläng
  • Ausschreiwungen an Verginn vunn Opträg
  • Iwerwaachung bei der Ausféierung vunn den Aarbichten
  • Schlussrapport an Oofrechnung

DEEL MISSOUN

  • Skizzen
  • Entworf
  • Dossier an Pläng fir d’Baugenehmigung

ZOUSATZ MISSIOUN

  • Machbarkeetsstudien
  • Parzeléierungen
  • Rentabilitéitsrechnungen
  • Expertisen
  • Koordinatioun
  • Sanéierungen